Wëllkomm

Opgepasst:

All déi, déi sech teschent dem 01.03. – 31.03. fir den Permis A1 oder A2 unmellen, kréien d’Théoriecoursen geschenkt!

Profitéiert also vun dëser Offer soulaang se nach gellt :)

______________________________________________________

Opepasst: Den Theoriescours dësen Mëttwoch, den 13.02.2019, muss ausnahmsweis aus gesondheetlechen Grënn annulléiert gin. Mir entschëllegen eis an soen Merci fir Ärt Versteesdemech.

______________________________________________________

Opgepasst: Ab 2019 ass eisen Büro zu Merl Meindes vun 15:00 – 16:00 fir Inscriptiounen an vun 16:00 – 18:00 fir Theoriesstonnen op.

______________________________________________________

Opgepasst: D’Öffnungszäiten vun eisem Büro zu Mënsbesch hun sech temporär geännert: 07h30 – 12h00 an 13h00  14h00 – 18h00.

_____________________________________________________

Nei: An der Auto-École Bertrand kënnt Dir ëlo den Führerschäin vun der Katégorie C1E maachen.

Desen Führerschäin erlaabt et Iech, en Gespaan vun Gefierer aus engem Gefier vun der Klass C1 an engem Unhänger oder enger Semi-Remorque, vun dér d’Masse maximale autorisée méi wéi 750 kg iwwerschreiden daerf, mee d’Gespaan vun den Gefierer daerf d’Masse maximale autorisée vun 12.000 kg iwwerschreiden.

Zum Beispiel en Camping Car mat engem klengen Unhänger.

_____________________________________________________

Nei: Den Neiën Moto vir t’Katégorie A2: HONDA CB500F

a2-honda-cb500f

_____________________________________________________

Nei: An der Auto-École Bertrand kënnt dir lo den Führerschäin vun der Katégorie C1 maachen.

Dese Führerschäin erlaabt Iech en Gefier vun 3,5 bis 7,5 Tonnen ze fueren, sou wei zum Beispill en Camping Car._____________________________________________________

Nouveau: Fuerstonnen lo och ob Englesch méiglech! / Driving lessons now available in English.

_____________________________________________________

Nei: Führerschäin 125 ccm (“B100″ wann permis B säit 2 ans) Privaten Terrain vun 2,5 ha zu Schrasseg fir ze trainéieren. Eenzegarteg zu Lëtzebuerg.

_____________________________________________________

Zu Mënsbech an Lëtzebuerg-Märel bitt Iech d’ Auto Ecole Bertrand Théorie a praktesch Cours’en un, an dat ouni d’Fahrschoul ze wiesselen. Dir kennt bei ais all Katégorie vun Führerschäin machen (AM, A1, B100, A2, A, B accompagné, B, B96, BE, C1, C1E, C, CE, D an DE)

Munsbach

Luxembourg-Merl


Säit 1954 huet d’Auto Ecole Bertrand erfollegräich eng beträchtlech Unzuel vun individuellen an Beruffs-Chauffeur’en ausgebild. Seng Erfahrung ass vun allen unerkannt.

Ob fir de privaten oder professionellen Asaatz, ais Fahrschoul suergt dofir dass dir profitéiert vun:

* Theoretsch Cours’en an franzéisch a lëtzebuergesch

* Berodung vun qualifizéierten an erfahrenen Instrukteren (6 Ausbilder)

* Eng ganz Reih vu Gefierer an allen Kategorien déi regelméisseg moderniséiert gëtt.

* Verbesserungs-Cours’en fir Moto, Auto, Camion an Bus op aisem privaten Terrain.

* E privaten Terrain vun 2,5 ha zu Schrasseg fir ze trainéieren. Eenzegarteg zu Lëtzebuerg

* 3 Qualifizéiert Moto-Ausbilder (an der Saison vum 01. März bis 31. Oktober)

* Eng Dozen Motorieder an verschiddenen Gréissten an ccm. (125/250/650/700/1200 cm3)

Comments are closed.